Accueil | Politique-Société | Grand-Duc Henri : des «émotions fortes» en 2019, mais aussi «de l’espoir»

Grand-Duc Henri : des «émotions fortes» en 2019, mais aussi «de l’espoir»


A titre personnel comme institutionnel, le Grand-Duc Henri a vécu une année pleine de bouleversements. ( © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli)

Le Grand-Duc Henri a livré son traditionnel discours de Noël en ce réveillon du 24 décembre. Une année marquée par des « émotions fortes, de la tristesse, mais aussi de la joie, du souvenir et de l’espoir ».

Le chef de l’État a débuté son allocution par un hommage aux deux soldats tués le 14 février dans l’explosion d’un obus de la Seconde Guerre mondiale au dépôt de munitions de Waldhof. Coïncidence malheureuse, « l’année où nous célébrons le 75e anniversaire de la libération de tout le pays », rappelle le Grand-Duc, revenant plus longuement sur la portée d’un pan majeur de l’Histoire. « Seuls la dévotion et l’engagement des soldats américains ont prévenu un désastre à Luxembourg à la fin de la deuxième guerre mondiale », disait-il d’ailleurs il y a quelques jours lors des commémorations de la bataille des Ardennes.

Cette année a aussi touché personnellement Henri, frappé par le décès de son papa le 23 avril à l’âge de 98 ans. « Nous avons dû laisser partir le Grand-Duc Jean », dont la disparition a ému à travers le Luxembourg, comme « au delà des frontières ». Car « nous avons perdu un grand et dévoué chef d’État, et un bon père bienveillant », souligne Henri.

Le Grand-Duc s’est également remémoré la tragédie qui a bouleversé le sud du Grand-Duché, le 9 août dernier. Il retient « le choc », « mais aussi la grande solidarité » qui s’est organisée après la tornade particulièrement dévastatrice à Pétange et Bascharage.

D’un point de vue plus personnel, Henri a par ailleurs tenu à saluer l’initiative de son épouse Maria Teresa, le forum international contre les violences sexuelles en zones de guerre. « Ce fut un grand plaisir pour moi de voir l’énorme succès du forum Stand Speak Rise Up! en mars », félicite-t-il avec fierté. Fier aussi d’évoquer le bonheur d’être bientôt de nouveau grand-père avec la naissance au printemps du premier enfant de Guillaume et Stéphanie, le couple héritier.

« Respect, compassion et tolérance »

En marge de son bilan de l’année qui s’achève, le Grand-Duc Henri s’est tourné vers l’avenir en insistant sur les valeurs de « respect, compassion et tolérance » qui doivent nous animer. « Nous découvrons constamment à quelle vitesse notre monde et notre environnement changent », relève le chef de l’État. Des défis qui mettent à l’épreuve « la capacité de nous adapter, que ce soit en tant qu’individu ou en tant que collectif ». Reste que pour Henri, « la modernité ne doit pas présupposer que l’on renonce à ses racines et que l’on perde son identité ».

« Le cadre institutionnel et démocratique dans lequel nous vivons depuis des décennies nous offre une grande stabilité politique, remarque encore le Grand-Duc. Ce cadre est aussi la base de la liberté d’expression et des droits et libertés, garantis à tous les citoyens. » Pour autant, nuance-t-il, il s’agit d’« acquis précieux » qu’il faut « toujours s’employer » à préserver.

Enfin, Henri n’oublie pas de penser à celles et ceux qui traversent des périodes sombres. Avec un message optimiste : « La vie nous présente parfois des défis difficiles. Il est donc important, non
pas d’abandonner et de désespérer, mais de toujours se relever et avancer », argue-t-il.

LQ

Le discours du Grand-Duc Henri dans son intégralité, en luxembourgeois :

«Léif Matbierger,
Am Réckbléck op dëst Joer kann ee soen, datt et vu villen a staarken Emotioune
gepräägt war.
Do war Trauer, mee och Freed, Erënnerung an Hoffnung. All déi Gefiller si ganz
perséinlech, si dinn awer och Mënschen zesummestoen an zesummewuessen. Mir
hunn dat als Land schonn dacks ënner Beweis gestallt. Mir kënnen eis zesumme
freeën awer och zesummen traueren.
Esou huet am Februar d’ganzt Land mat de Famillje vun den zwee Zaldote vum
Service de Deminage getrauert, déi am Munitiounsdepot um Waldhaff ëm d’Liewe
koumen, wéi eng Bomm aus dem Zweete Weltkrich explodéiert ass. Am Joer, wou
mir eigentlech uechter d’ganzt Land de 75. Anniversaire vun der Liberatioun vu
Lëtzebuerg feiere sollten, hunn d’Iwwerreschter vum Krich nach ee schrecklechen
Tribut gefuerdert.
Trauer, déi d’ganz Land a wäit iwwer d’Grenzen eraus mat mir a menger Famill
gedeelt huet, wéi mir den 23. Abrëll hu missen de Grand-Duc Jean goe loossen, mat
deem mir e gudden a besuergte Papp verluer hunn. Wat bleift ass d’Erënnerung un
e groussaartegen an devouéierte Staatschef.
E Schock, mee och eng grouss Solidaritéit gouf et vun der ganzer Populatioun, wéi
matten an der Summervakanz en Tornado iwwer de Süde vum Land gezunn ass a
grousse Schued ugeriicht huet.
Haut op dësem Dag fillen d’Grande-Duchesse an ech eis besonnesch verbonne mat
all deene Leit, déi dëst Joer net op der Sonnesäit vum Liewe stoungen.

Eng grouss Freed war et fir mech, deen enorme Succès ze gesinn vum Forum „Stand
Speak Rise Up“, deen op Initiative vun der Grande-Duchesse am Mäerz ofgehale
ginn ass. Hei ass net nëmme mam Fanger op eng grausam Realitéit gewise ginn,
mee och d’Liewen, d’Iwwerliewen si gefeiert ginn.
Dausende Mënschen hu sech mobiliséiert, fir d’Vergaangenheet opzeschaffen an
eppes Positives ze bewierken, jo d’Welt e bëssen ze verbesseren.
An da war et net nëmme fir d’kathoulesch Kierch hei zu Lëtzebuerg eng grouss Éier
a Freed, wéi den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zu Roum an de Kardinolsstand
erhuewe gouf.
Mir alleguer waren och ganz glécklech, wéi mir d’Nouvelle kruten, dass de Prënz
Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie am nächste Joer Nowuess kréien.
Dëst Joer stoung awer och am Zeeche vun der
Erënnerung. Commemoratiounsfeieren uechter d’ganzt Land fir de 75.
Anniversaire vun der Liberatioun hunn eis drun erënnert, wéi dankbar mir musse si
vis-à-vis vun deene Mënschen, déi sech fir eis Fräiheet an eis Wäerter agesat hunn.
Allze dacks hu si den Asaz misse mat hirem Liewe bezuelen.
Wat eis bleift ass d’Fräiheet, d’Erënnerung an d’Hoffnung, datt Krich ni méi als
Léisung a Fro kënnt.

Léif Matbierger,
Mir stellen ëmmer erëm fest, wéi séier eis Welt an eist Ëmfeld sech veränneren.
Nëmmen d’Fäegkeet eis unzepassen, sief et als Eenzelen oder och als Kollektivitéit,
loossen eis do mathalen. Haut op dësem Owend wëll ech awer op eppes agoen,
wat a mengen Ae grad esou wichteg fir de Mënsch ass, an zwar seng Repèren a
seng Wuerzelen.
D’Modernitéit sollt net viraussetzen, datt ee seng Wuerzelen opgëtt, a seng
Identitéit aus den Ae verléiert. D’Wäerter, op déi eist Zesummeliewen opgebaut
ass, sollten net esou staark relativéiert ginn, datt ee se net méi erkennt.

De Mënsch muss säi Liewen op zolidd Fundamenter kënnen opbauen, a Repèren
hunn.
Den institutionellen an demokratesche Kader, an deem mir zanter Joerzéngten
evoluéieren, verschaaft eis eng grouss politesch Stabilitéit. Dëse Kader ass och
d’Grondlag vun der fräier Meenungsäusserung an de Rechter a Fräiheeten, déi alle
Matbierger garantéiert sinn. Si sinn awer keng Selbstverständlechkeet, mee e
wäertvollen Acquis, fir deen ee sech ëmmer nees asetze soll.
D’Aart a Weis wéi mir hei am Land mateneen ëmginn, an der Gesellschaft, an der
Famill oder am Frëndeskrees ass grad esou e wichtege Repère, fir datt deen Eenzele
seng Plaz fënnt. De Kader vun der Famill spillt eng onersetzlech Roll, och wa leider
net jiddereen d‘Chance huet, nach eng Famill ze hunn. Mir wëllen hei zu Lëtzebuerg
dat Wuert Solidaritéit ganz grouss schreiwen. Dat geléngt eis dacks, mee net
ëmmer. Do si mir also weiderhi gefuerdert. Mir kënnen awer houfreg sinn, datt bei
wichtege Momenter d‘Gefill vum Zesummestoen ënner Beweis gestallt gëtt. Eleng
huet ee ganz séier seng Limitten erreecht.
Politesch oder moralesch Usiichten, philosophesch oder reliéis Gedanken droen
och dozou bäi, datt ee sech net nëmmen als Individuum gesäit, mee als een Deel
vun engem Ganzen. Esou verschidden d‘Meenungen an eiser pluralistescher
Gesellschaft sinn, esou hu se awer meeschtens dee selwechten Ausgangspunkt:
datt een eppes un der Welt ännere kann,
datt de Fortschrëtt méiglech ass fir eng besser Zukunft.
Et ass dofir wichteg, Idealer a Virbiller ze hunn oder op d‘mannst u fest Valeuren ze
gleewen, sief et schonn nëmmen de Respekt, d‘Matgefill an d’Toleranz fir seng
Matmënschen.
Mee och d’Kultur, d’Sprooch an d’Traditiounen si wichteg Repère an een Deel vum
Zement, op deen eist Zesummeliewen opgebaut ass.

Léif Leit alleguer,
Chrëschtdag ass fir déi meescht vun eis och e wichtege Moment am Joer. Et ass eng
schéin Traditioun, déi mir mat Gefiller wéi Freed, Léift an Erënnerunge verbannen.
Mir kënnen zefridden an dankbar si fir déi Mënschen, déi mat eis um Wee sinn, eis
begleeden oder fir eis do sinn.
D’Liewe stellt eis heiansdo schwiereg Erausfuerderungen. Wichteg ass et dann, net
opzeginn an ze verzweiwelen, mee ëmmer nees opzestoen a virunzegoen.

Léif Matbierger,
Mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie an all
eise Kanner, wënschen ech Iech vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg an
elo schonn all Guddes fir e glécklecht an erfollegräicht neit Joer.»

 

PUBLIER UN COMMENTAIRE

*

Votre adresse email ne sera pas publiée. Vos données sont recueillies conformément à la législation en vigueur sur la Protection des données personnelles. Pour en savoir sur notre politique de protection des données personnelles, cliquez-ici.